Iwwer eis

Bois Scholtes ass e Fammilljebetrib, deem seng Wuerzele bis op d’Joer 1830 zréckginn, wou de Johann Scholtes sech als Woner a Kéifer en Numm konnt maachen. 1870 gouf de Betrib du vum Johann sengem Jong Pierre iwwerholl an och a spéidere Generatioune gouf de Betrib familljenintern weidergefouert. 1942 war et de René Scholtes, deen de Betrib iwwerholl huet an en a Richtung Schräinerei a Charpente nei orientéiert huet. An de fofzeger Joeren huet de René Scholtes eng ganz Rei Investitioune virgeholl an domat d’Seeërei moderniséiert. An der Mëtt vun de siwenzeger Joeren waren et dem René seng Jongen, de Germain an de Marcel, déi zesumme mam Papp d’Direktioun iwwerholl hunn. Ënnert hirem Impuls gouf d’Seeërei da schliisslech zu Manternach Um Mourewee installéiert, wou se och haut nach ze fannen ass.

2004 huet de Betrib an en Holzdréchner investéiert an e Joer méi spéit gouf d’Ronnholzanlag moderniséiert. 2007 an 2009 gouf  schlisslech an en zweeten an an en drëtten Holzdréchner investéiert.

An der Tëschenzäit gouf et eng Reprise vum Betrib, déi säit dem 1. Januar 2015 ënnert dem Numm Bois Scholtes Bestand huet. Nieft dem Germain Scholtes, zielt elo och säi Bouf Pit Scholtes, dee schonns säit 2009 am Betrib engagéiert ass, zu de Proprietären.

Bois Scholtes beschäftegt mëttlerweil ronn 20 Employeeën a wäert och weiderhi versichen, sech zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze behaapten.

Clientèle

  • Zëmmereien an Daachdecker
  • Distributeuren a Geschäfter, déi sech op Baumaterial spezialiséiert hunn
  • Betriber, déi mat Verpakungsholz schaffen
  • Gemengen, Bauerebetriber a Privatpersounen, déi Seemiel an Hackschnitzel benéidegen

Notre équipe

  • Pit Scholtes
    Direction / Geschäftsführung
  • Germain Scholtes
    Direction / Geschäftsführung
  • Annette Scholtes
    Comptabilité / Buchhaltung
  • Gunnar Gerlach
    Maître charpentier / Zimmerermeister
  • Carsten Vogt
    Maître charpentier / Zimmerermeister