Servicer

Seeërei

Eis Rohstoffer stame quasi exklusiv aus der lëtzebuerger Bëschlandschaft. Bois Scholtes verschafft haaptsächlech Holz woubäi d’Fiicht, d’Douglas, d’Kifer an d`Buchen dee gréissten Undeel ausmaachen. D’Beem ginn op d’Mooss a ganz no Ärer Virstellung geschnidden: ob als Daachstullholz a verschiddene Gréissten an Déckten, als Bauholz, als Paletten, als Madrillen, als Terrassebrieder, als Dill, als Laten, Verpackungholz a.s.w.– mir passen eis Ären individuelle Wënsch un.
Hackschnitzel, Seemiel an aner Iwwerreschter ginn als Isolatiounsproduiten (MDF-Placken, Holzfaserplacken, a.s.w.) oder als Heizmaterial (Hackschnitzel, Pellets, a.s.w.) nei verschafft.

Holzhandel

Bois Scholtes versteet sech drop, de Wënsch vu senge Clienten nozekommen. All eis Produiten ginn Äre spezifiesche Virstellungen ugepasst.– alles aus Massivholz – fir traditionell Charpenten, mä och bois de coffrage, palette an ähnlech Produiten.

Huwwelaarbecht

Jee no Besoin huwwelt Bois Scholtes d’Holz, sief et véiersäiteg oder op Är Virstellung ugepasste Profiller. Sou si beispillsweis eis Terrassebrieder geriffelt, fir d’Rutschgefor ze miniméieren souwéi de Waasseroflaf vum Holz ze garantéieren,

Traitement

Eist Daachstullholz kann op Wonsch tauchimprägnéiert ginn a weist soumat gréisstméigleche Schutz géint Luucht, Holzschädlinger a Pilzbefall op.
Holz, dat fir bausse geduecht ass, gëtt vu Bois Scholtes mat Kesseldrockimprägnéierung behandelt, déi géint d’Verfaule schützt an d’Qualitéit vum Holz nohalteg garantéiert.
Ausserdeem kann d’Holz an Holzdréchner gedréchent ginn, wouropshin et nëmmen eng Fiichtegkeet vu ronn 18% opweist a soumat net méi schaffe kann.
Holz, dat fir Verpakungszwecker geduecht ass, ka vu Bois Scholtes nom IPPC-Standard hëtztbehandelt ginn, sou datt Schädlinger a Pilzsporen ofstierwen.

Zouschnëtt

Beim Zouschnëtt vum Daachstullholz passt Bois Scholtes drop op, datt d’Pläng vun eise Cliente minutiéis ëmgesat ginn. Uschléissend gëtt all eenzelt Stéck numeréiert, fir d’Montage um Schantjen ze vereinfachen. Wann néideg ka Bois Scholtes och d’Liwwerung vum Holz direkt op de Schantjen iwwerhuelen. Heifir steet extra e Liwwercamion bereet, deen zousätzlech nach mat engem Kranaarm vun 29 Meter ausgerüst ass.

Holz mat CE-Zertifizéierung

D’Qualitéit vum Holz ass duerch d’CE-Zertifizéierung garantéiert: D’Produite vu Bois Scholtes ginn no strikten Norme gedréchent, sou datt se herno eng besonnesch Stabilitéit opweisen an domat och iwwer d’Zäit ewech kaum u Qualitéit verléieren.