• Lokaal & Regional

De Familljebetrib Bois Scholtes ass dee villsäitegste lëtzebuergesche Betrib, wann et ëm d’Verschaffe vun Holz geet: Seeërei, Zëmmermannsatelier, Holzzouschnëtt, Huwwelen, den Traitement vun an den Handel mat Baumaterial aus Holz an ähnleche Produiten. Mir offréieren ausserdeem den Transport vum Holz ewéi och Kranaarbechten. Bei all eisen Aktivitéiten si mir drop beduecht, d’Ëmwelt ze respektéieren. Eis Holzoffäll gi mat Hëllef vun der Spanplattenindustrie nei verwäert.